Well Foodsharing Deel vun der Koalitioun #United4ClimateJustice ass, fannt dir eis Events elo och am Klimaaktiouns-Kalenner op climatejustice.lu.
Neiegkeeten
Platz fir ëffentliche Frigo gesicht
Wa mir bis Enn dës Jores eng Platz fir een ëffentleche Frigo an der Staat fonnt hunn, kréie mir een neie Frigo vu Frères des Hommes Luxembourg gesponsert. Kenns du eng Platz déi gutt erreechbar awer a Privatbesëtz ass? Mell dech wann’s de zu 99% sécher bass, dass et do klappe kéint.

“Zusammen aktiv gegen Lebensmittelverschwendung”
Haut huet de Lëtzebuerger Journal een Artikel op Däitsch vun enger vun eise Liewensmëttelretterinnen online an hirer gedréckter Ausgab publizéiert.
Kach-Stand op der #United4ClimateJustice
Wéinst der Demo United for Climate Justice de 27. September 2019 hu mir Snacke, Wraps, Zopp an Uebstzalot mat Liewensmëttel, déi ewech geheit gi wieren, fir jidderee preparéiert. Ingesamt hu mir 300 Portioune verdeelt.
One of the rescure pickups Chopping together Ready for you Slow start Cooking People grabbing food at our Foodsharing Point Full house when serving soup Full house
Merci u jidderee wie gëschter laanschtkomm ass, matgehollef oder eis soss ënnerstëtzt huet.
100,7: Foodsharing Lëtzebuerg: Wéi kann ee sech engagéieren?
Haut huet 100,7 den zweeten Deel vun engem Radio-Interview mat zwee vun eise Liewensmëttelretter verëffentlecht.
100,7: Liewensmëttel retten amplaz ewech geheien
Haut huet 100,7 den éischten Deel vun engem Radio-Interview mat zwee vun eise Liewensmëttelretter verëffentlecht.
Info-Stand um Last Summer Dance


Mir sinn dem Last Summer Dance Festival dankbar fir dass mir konnte mat engem Informatiounsstand de leschte Sonnde präsent sinn. Vill Leit waren interesséiert an hu mat eis geschwat oder hunn sech e puer Gadgets oder Reschter vun eisem Foodsharing Point matgeholl. E puer hunn sech der esou guer direkt op der Platz ugemellt. Ausserdeem huet ee vun eise Memberen ee Live-Interview um Radio ARA ginn.
Live-Interview um Last Summer Dance
Haut huet Radio ARA ee Live-Interview mat engem vun eise Liewensmëttelretter um the Last Summer Dance Festival gemaach.
Veräin ugemellt
Säit haut ass Foodsharing Luxembourg als Veräin ouni Gewënnzweck mat der Nummer F12422 ugemellt. D’Statuten, d’Gruppevereinbarung an den Umeldungsformular wäerten an den nächste Wochen online gesat ginn.
World Disco Soup Day 2019
E puer vun eise Memberen hunn um World Disco Soup Day, de 27. Abréll 2019, un der Disco Soup zu Iechternach Deel geholl. Dësen Event gouf vu Slow Food Youth Luxembourg organiséiert a vun der Gemeng Iechternach a KlimaPakt ënnerstëtzt. Lokal Gruppe waren och bedeelegt.

Als éischt goufen mir ganz häerzlech mat enger frëscher Zopp a Smoothie begréisst. Nodeems mir eise Bauch gutt gefëllt haten, hu mir deenen anere Fräiwëllege gehollef d’Reschter ze verdeelen an opzeraumen.
Trotz dem Reen hu mir et genoss do gewiescht ze sinn a Gläichgesënnter kennenzeléieren. Mir freeën eis och op eng enk Zesummenaarbecht mat Slow Food Youth Luxembourg!
Fotoe vun dëser Veranstaltung sinn op der Facebook-Säit vu Slow Food Youth Luxembourg ze fannen.