Wëllkomm

Foodsharing Luxembourg ass eng Ëmweltorganisatioun ouni Gewënnzweck (a.s.b.l.), déi aus Fräiwëllege besteet. Hier Visioun ass, dass all iessbar Liewensmëttel zu Lëtzebuerg konsuméiert ginn. Een Drëttel vun de Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, gi momentan verschwent. De Veräin bekämpft Liewensmëttelverloschter a -verschwendung, andeems mir de séieren Austausch vu Liewensmëttel ënnerstëtzen, déi soss ewechgehäit gi wieren. Duerch d’Sensibiliséierung fir d’Thema a seng Auswierkungen op de Klima, d’Ëmwelt an d’Gesellschaft esouwéi duerch d’Virundreiwe vun engem systemesche Wandel well Foodsharing Luxembourg d’Verschwendung dramatesch reduzéieren.

Liewensmëttelverloschter a -verschwendung

Risege globale Problem

Een Drëttel vun alle Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, ginn net konsuméiert. D’Ressourcen, déi doranner enthale sinn, wéi Aarbechtsstonnen, Waasser, Transport, asw. sinn dowéinst och verbëtzt.

147 kg pro Persoun pro Joer zu Lëtzebuerg

  • 91 kg Haushalt
  • 17 kg Fabrikatioun
  • 14 kg Restauranten an Déngschter
  • 14 kg Handel
  • 12 kg primär Produktioun

(2020, Eurostat 2022)

Impakt op de Klima

During 2010 – 2016, global food loss and waste equalled 8-10% of total GHG [greenhouse gas] emissions.

IPCC Spezielle Rapport iwwert Klimawandel a Land, August 2019 (Kapitel 5)

Projeten

Foodsaving

Mir huele Liewensmëttel of, déi géife vu Betriber an aneren Organisatiounen ewechgehäit géife ginn, a verdeelen dës, wann se net vun enger karitativer Initiativ geholl ginn.

Foodsharing Points

Mir ënnerhalen ëffentlech Plazen un, wou jidderee Liewensmëttel gratis ofleeën an huele kann.

Foodsharing sicht däin Input

Politesch Aarbecht

Mir analyséieren déi aktuell Situatioun vu Liewensmëttelverloschter a -verschwendung a wëllen nohalteg Verbesserungen an der relevanter Legislatioun areechen, an Zesummenaarbecht mat den ëffentlechen a politeschen Autoritéiten.

Erasmus+ Projet

Am Kontext vum Erasmus+ Projet “Iessen deelen ouni Grenzen” mam Foodsharing-Mouvement aus der Belsch an Däitschland gi verschidde Veranstaltungen organiséiert, souwéi wéi de Barcamp an de Festival “International Foodsharing Collab”.


Errongenschaften

three cherries

Statistiken iwwert de Veräin

795 Memberen
3 Foodsharing Points
onzieleg Leit iwwert de Problem informéiert

(18.02.2024)

Statistiken iwwert de Foodsaving-Projet

65 Kooperatioune mat Butteker
360 Foodsaver
iwwer 245 t Liewensmëttel 2023 gerett
iwwer 756 t Liewensmëttel insgesamt gerett
iwwer 5 änlech Initiativen inspiréiert

(18.02.2024)


Wat s du maache kanns

Foto vum Bertrand Berhin

Fänk doheem un

Jidderee kann doheem ufänke Liewensmëttelverschwendung ze stoppen. E positiven Nieweneffekt ass, dass ee Sue spuert.

Organiséier ee Workshop

Du kanns ee Workshop iwwert d’Problematik vun der Liewensmëttelverschwendung an denger Schoul oder Entreprise organiséieren. Kontaktéier eis Partnerorganisatiounen on.perfekt via laura@onperfekt.lu oder Microtarians via info@microtarians.com.

Maach mat

Mir sinn eng Organisatioun, déi aus Fräiwëllege besteet, a mir si frou nei motivéiert Membere wëllkomm ze heeschen. Mellt dech un an huel un engem Informatiounsreuniounen deel, déi op der rietser Säit ugekënnegt ginn.

Ënnerstëtz eis finanziell

Du kanns eis och ënnerstëtzen an deem s du eis Suen iwwerweis fir eis lafend Käschten ze decken. Villmools Merci fir deng Ënnerstëtzung!


Foodsaving-Kooperatiounen

ALaViTAAralArbre à pain– Berdorfer Eck – Bontà Italiana – Camping Belle Vue Berdorf – Co-LaborDélice VégétalEpicerie Cuore D´Italia– Ital Gross Point – Molkerei Thiry – Monoprix -Pâtisserie Nothum- mr. food logo – New Welcome – Proxy Delhaize Beaufort – Pall Food – – Q8 – ze Räissen an ze Bäissen

Partner

Erasmus+ Enriching lives, opening minds
Co-funded by the EU logo
Supported by
Frères des hommes logo
Foosharing Akademie Wie klammern Bildung nicht aus