Neiegkeeten

Foodsharing Luxembourg krut eng Auszeechnung

Gëschter krut Foodsharing Luxembourg eng Auszeechnung fir säi Projet, deen 2020 am Europäesche Solidaritéitskorps agereecht gouf. Dësen EU-Finanzéierungsprogramm fir d’Dauer vun engem Joer huet eis et erméiglecht, eist Fundament ze verstäerken an eis Aktivitéiten auszebauen, mat zum Beispill den Distribution Days. E grousse Merci un déi national EU Agence Anefore fir hir Ënnerstëtzung.

Adventsfënster um Foodsharing Point Lëntgen

Foodsharing Point Lintgen, Foto vum Hannah Proffitt-Perchard, Dezember 2021

Den 1. Dezember huet de Foodsharing Point zu Lëntgen hiren Adventsfënster verroden. Den Event gouf vun der Gemeng Lëntgen iwwer déi 24 Adventsdeeg organiséiert.

D’Fënsterdekoratioun goufe léiwer vu lokale Kanner gemaach an all d’Luuchten an d’Chrëschtdekoratioun goufen eis vum SIVEC Recyclingszenter gespent.

D’Evenement war e Team Effort, a jidderee hat en agreabelen Owend gespuert Iessen ze deelen a waarme Gewierz Äppeljus mat lokaler Uebst gemaach!

Et war eng besonnesch Geleeënheet fir mat Leit aus dem Duerf ze verbannen. Et huet eis d’Méiglechkeet ginn ze erklären an ze demonstréieren wéi de Foodsharing Point funktionnéiert, e puer allgemeng Mëssverständnisser ze diskutéieren, an de Message ze verbreeden fir d’Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg ze bekämpfen.

Kommt eis Adventsfënster kucken – eis Fënster ass all Nuecht vun 18:00 bis 21:00 beliicht an Dir kënnt och de Foodsharing Point besichen.

“Huelt wat Dir braucht, deelt wat Dir kënnt, kämpft mat Liewensmëttelverschwendung zesummen!”

Merci, vum Foodsharing Point Team Lëntgen

Artikel am Tageblatt

Zu schade für die Tonne

(Artikel op Däitsch)

Merci un d’Tageblatt fir dësen liewegen Artikel iwwert eis Distribution Days zu Jonglënster. Ouni eis engagéiert Memberen vun Foodsharing Luxembourg an d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng Jonglënster wieren dës Aktiounen nët méiglech.

Tageblatt. Freitag, den 15. Oktober 2021

EYE 2021

United Against Food Waste: Making sure food ends up in people’s stomachs

Foodsharing Luxembourg huet um European Youth Event (EYE) am Europäesche Parlament zu Stroossbuerg mat Dausende vu jonke Leit aus der ganzer Europäescher Unioun an doriwwer eraus mat engem Workshop deelgeholl, wou d’Participanten Iddien hunn, wéi ee Liewensmëttelverloscht a Liewensmëttelverschwendung unhuele kann.

Merci! Dat ass wat “United Against Food Waste” steet fir!

Eise Workshop war e Samschdeg, den 9. Oktober 2021, vu 14:00 bis 15:00 Auer

Foto vum Eunice Sánchez González

Resultater vun dem Workshop

Innerhalb vum Workshop hu mir 5 Gruppe gebilt. Dovunner huet all Grupp sech mat engem bestëmmten Thema auserneegesat. Eis Theme waren:

  • Liewensmëttelverloschter
  • Gastronomie
  • Eenzelhandel
  • Haushalt

Woubäi sech 2 Gruppe mam Thema Haushalt ausernee gesat hunn, well dat Thema op groussen Interêt gestouss ass. Eng Oplëschtung vun de jeeweilegen Top-3 Fuerderunge vun all Grupp zu den Theme fannt der am Folgenden:

Liewensmëttelverloschter

  1. Bildung a Bewosstsinn am Jugendberäich iwwer de Wäert vu Liewensmëttel, Liewensmëtteloffallvermeidung a -verschwendung schaaffen.
  2. Liewensmëttelproduktioun optiméiere mat wëssenschaftleche Mëttelen, sou dass de Liewensmëtteloffall vermidde gëtt.
  3. Méi Méiglechkeete fir Ëmverdeelung bzw. de Vertrieb vu Liewensmëttel erschaffen, z.B. extra Lager fir Iwwerproduktioun opbauen oder Verkaafsméiglechkeete fir Geméis wat „onkonventionell“ ausgesäit.

Gastronomie

  • Liewensmëttelverschwendung transparent maachen andeem s Liewensmëttelproduzenten an Verbraucher hire Liewensmëttelverloscht publizéiere mussen an hier Zäregas-Emissioune vun de verwende Liewensmëttel ugi mussen
  • Verflichtend Ofgi vun onverkaaften Iwwerschoss bei Liewensmëttelreschter a finanziell Ënnerstëtzung vun Organisatiounen, déi mat Liewensmëttelreschter schaffen
  • Léisungen zu Liewensmetteloffäll mat an d’Klimapolitik integréieren

Eenzelhandel

  • D’Verfallsgesetz vereinfachen, an e Verbuet vum Ewechgeheie vu Liewensmëttel aféieren.
  • Beseitegung vun allen rechtlechen Hindernisser fir de Verkaf vun ofgelafenen, awer nach genéisbare Liewensmëttel a finanziell Ënnerstëtze vu Geschäfter, déi des Liewensmëttel verkafen.
  • Eenzelhandelgeshäfter dozou zwéngen hier Clienten iwwer Liewensmëtteloffäll ze informéieren

Haushalt 1

  • D’Verbraucher sensibiliséieren an zum Nodenken iwwer hiert Konsumverhalen ureegen.
  • Verbraucher ënnerstëtzen an hinnen Uleedunge fir Zoubereedung a Konservéierung vu Liewensmëttel doheem ubidden
  • Aféierung vu Virschrëften zu Liewensmëttelverschwendung fir Geschäfter, déi Liewensmëttel verkafen

Haushalt 2

  • Verbraucher iwwer Liewensmëttelverschwendung opklären
  • Sensibiliséierung vu Verbraucher fir eng Zweetverwendung vu Liewensmëttel
  • Aféiere vu Strofe fir d’Verschwendung vu Liewensmëttel

All des Iddien, Ureegungen a politesche Fuerderunge wäert Foodsharing Lëtzebuerg a seng zukünfteg Aarbecht afléisse loossen. Stay tuned!

An ee grousse Merci un all eis Organisateur*innen, Facilitator*innen an Participant*innen!