Neiegkeeten

Enn vum Distribution Days Projet

Mir hunn net esou gutt Noriichten. Foodsharing Luxembourg huet den 31. Januar 2023 déi schwéier Entscheedung geholl d’Distribution Days ze stoppen.

Den Distribution Days Projet hat intern Problemer a gouf no den EU-Legislatiounen als “Betrib” agestuuft. Dëst hätt geheescht all d’Regulatioune ronderëm d’Liewensmëttel ze erfëllen, wat schwiereg fir ee Veräin aus Fräiwëllege gewiescht wier.

D’Distribution Days hu vill Mënsche gleewe gedoen, dass Foodsharing Luxembourg eng karitativ Organisatioun wier. Eisen Haaptfokus läit awer um Ëmweltaspekt vu Liewensmëttelverloscht a -verschwendung, a mir wëllen net a Konkurrenz mat den etabléierte karitativen Organisatioune mat hirer professionell Offer trieden. Mir verstinn, dass mir esou wouer geholl goufe wärend der aktueller schwiereger Zäit, mä dat war ni eist Zil. Eist laangfristeg Zil ass et, dass et Gesetzer géint Liewensmëttelverloscht a -verschwendung ginn, esou dass d’Quantitéite vun de Liewensmëttel, déi ewechgehäit ginn, dramatesch erofginn.

Desweideren waren d’Distribution Days och net méi op enger Linn mat hirem Zil fir grouss Quantitéiten ze verdeelen. Den Haaptgrond war, dass munch Betriber hier Quantitéiten dramatesch reduzéiert hunn, esou dass dës Liewensmëttel elo einfach tëschent Foodsaver*inne verdeelt kënne ginn. Mir als Veräin si frou iwwert dës Reduzéierung vun der Liewensmëttelverschwendung!

Mir erkennen de grousse Bäitrag vun den Distribution Days un. Et gouf vill Energie, Leidenschaft an Zäit an si gestach. Mir soen allen, déi op den Distribution Days gehollef oder deelgeholl hunn, Merci fir hire Bäitrag fir eiser Visioun fir, dass “all iessbar Liewensmëttel zu Lëtzebuerg giess ginn”, méi nozekommen!

Eise Foodsaving Projet wäert d’Liewensmëttel, déi fir d’Distribution Days bestëmmt waren, weiderhin ofhuelen a verdeelen. Wann s du bäi eis als Foodsaver*in matmaache wëlls, mellt dech un. Äis nächst Informatiounsversammlunge ginn an den nächste Wochen ugekënnegt a sinn oppe fir jiddereen, deen interesséiert ass fir aktiv a Foodsharing Luxembourg ze ginn.

Verlängert!

No eisem éischten Opruff krut eisen Aarbechtsgrupp “Politesch Aarbecht” bei Foodsharing Luxembourg interessanten Input. Nieft der Situatioun a Kantinnen an Butteker, kruten mir z.B. gesot, datt Subsiden fir d’Ausséien vu Gromperen ausbezuelt géifen ginn, des awer aus Rentabilitéitsgrënn oft net erausgeholl ginn an sou sënnlos ëmginn. Well des Abléck a verschidde Beräicher wierklech hëllefräich fir eis Aarbecht fir eng Verbesserung vun der nationaler Gesetzgebung iwwer Liewensmëttelverloscht an -offall ass, verlängeren mir eisen Opruff nach emol. 

Mellt iech dofir nach emol bis den 6. November bei eis op moien@foodsharing.lu – Wou gesitt dir Problemer am System? Sinn iech Mëssstänn bekannt, déi zu Gaspillage féieren? 

All Entréeë ginn anonym veraarbecht.

Den Aarbechtsgrupp “Politesch Aarbecht” wëllt är Hëllef!

Mir brauchen dech!

Den Aarbechtsgrupp “Politesch Aarbecht” vu Foodsharing Luxembourg schafft den Ament u Fuerderunge fir eng Verbesserung vun der nationaler Gesetzgebung iwwer Liewensmëttelverloscht an -offall. Eisen Ausgangspunkt soll eng Analys vum Problem sinn.

Dofir wëlle mir är Hëllef! Wou gesitt dir Problemer am System? Sinn iech Mëssstänn bekannt, déi zu Liewensmëttelverloscht oder -offall féieren? An ärem Alldag, op der Aarbecht oder doheem, gesitt dir Musteren oder Widderspréch, déi zu Gaspillage féieren?

Schreift eis bis de 15. Oktober op moien@foodsharing.lu

All Entréeë ginn anonym veraarbecht.

RTL: Appetit op Verännerung? 3 Joer Foodsharing zu Lëtzebuerg

“Foodsharing Lëtzebuerg huet Appetit op Verännerung. Zanter der Grënnung am August 2019, duerch eng Grupp vu Frënn, goufe bis ewell 356 Tonne Liewensmëttel gespuert. Verschwendung a Verloscht vun Nahrungsmëttel hunn net wierklech e positiven Impakt op eis Ëmwelt. De But vu Foodsharing ass, deem entgéint ze wierken, Michèle Schons?”

RTL

Den Artikel op RTL

100,7: Interessi u “Foodsharing” an de leschte Méint geklommen

D’Initiativ Foodsharing Luxembourg versicht zanter dräi Joer Liewensmëttel ze retten, déi d’Supermarchéen, Geschäfter a Produzente soss géingen ewechgeheien. Déi Liewensmëttel gi vu sougenannte “Foodsaver” agesammelt a verdeelt – entweder u Leit deenen den ekologeschen Aspekt wichteg ass oder deenen et villäicht finanziell net esou gutt geet.

radio 100,7

Liest a lauschtert den Artikel

Nomadic Island – sicht Participanten

Nomadic Island ass ee soziaalt Experiment, bei dem eng Grupp vun 11 Kënschtler aus verschiddenen EU-Länner ob eng generatiounsiwwergräifend Grupp vu lokale Bewunner trëfft. Mënschen tëschent 12 an 99 Joer kënnen um Projet deelhuelen an all Dag d’Liewe vun dëser temporärer Gemeinschaft deelen.
De Projet leeft vum 18.07.22 bis de 07.08.22 um Thillebierg zu Déifferdeng. D’Participante si wärend mindestens 5 Deeg um Stéck do, fir un de kënschtleresche Kreatiounen an der Organisatioun vum deegleche Liewen um Camp matzewierken.
De Chef Antoine Carteri vu Gastronomica Luxembourg wäert fir all Participante kachen.

Nomadic Island ass op der Sich no Liewensmëttelfournisseuren, déi bereet sinn, d’Anti-Verschwendungspolitik vun Nomadic Island z’ënnerstëtzen. Den Antoine huet säin eegene Fournisseur, mee mir géinge gären aner Fournisseure mat abezéien. Mir wieren immens dankbar, wann mir mat iech kéinten zesummeschaffe beim Sammelen a bei der Liwwerung vu gerettete Liewensmëttel fir den Nomadic Island-Camp, dee beim Fussballstadion vum Thillebierg (Rue de l’Hôpital, 4581 Differdange) ass.
Jiddereen, dee bereet wier eis z’ënnerstëtzen, kann sech dem Camp a sengen Aktivitéiten als Participant uschléissen. Dir géingt da mat de Kënschtler zesummeschaffen, fir Konschtwierker ze kreéieren an iech un eisem sozialen Experiment bedeelegen.
Hei fannt dir ee Flyer, de kuerz erkläert, wourëms et genau bei der Participatioun um Projet Nomadic Island geet. Weider Informatiounen iwwert de Projet an d’Kënschtler fannt dir um Nomadic Island.
Foodsavers, déi um Projet deelhuelen an eis mat gerettete Liewensmëttel ënnerstëtze wëllen, musse keng Participatiounsfraise bezuelen.

Herzliche Einladung zu den Luxemburger-Foodsharingtagen!

Warum werden so viele Lebensmittel weggeworfen. Und warum wissen so wenig Menschen davon? Wie können wir Andere dazu motivieren, sich selbst gegen Lebensmittelverschwendung einzusetzen und nachhaltiger mit Essen umzugehen?

Um uns diesen und vielen anderen Fragen zu stellen, wird es mitte Juni die Luxembourger-Foodsharingtage geben! Von einer Fortbildung für Lehrerinnen und Lehrer, einer Schnippelparty und einem Workshop, der extra für euch Foodsaver designed ist, ist für jede*n etwas dabei. Aber ganz wichtig: Viel Spaß, Austausch und Kennenlernen soll dabei im Vordergrund stehen. Wenn euch diese Idee gefällt, lasst uns verbinden und fühlt euch frei sie gerne mit euren Freunden und Familie zu teilen.

Wir haben ein buntes Programm für euch zusammengestellt – jetzt fehlt nur noch ihr! Bittet meldet euch an unter:

Alle weiteren Informationen findet ihr im anliegenden Flyer.
Wir freuen uns auf euch! Euer Team der Foodsharing-Akademie in Luxembourg

Auf Grund geringer Anmeldezahlen wird der Workshop am Samstag in kürzerer Variante stattfinden. Von 10-13 Uhr treffen wir uns im Oekozenter in Pafendall und möchten uns über das Potential grenzüberschreitender Foodsharingprojekte mit euch austauschen. Im Anschluss sind alle Teilnehmenden zu einem gemeinsamen Mittagessen eingeladen. Wer sich noch anmelden möchte, kann dies gerne noch unter https://www.foodsharing-akademie.org/luxemburger-foodsharingtage/ tun. Wir freuen uns auf euch!