Panel discussion at MicroAtelier, 28.09.2023, photo by Maria Endner
Am Kader vun den nationale Walen hate mir den 28. September eng Podiumsdiskussioun zum Thema Bekämpfung vu Liewensmëttelverloschter a -verschwendung mam Moderator Patrick Azevedo an de folgende Gäscht:
Expertinnen
Dr. Rachel Reckinger, uni.lu
Estelle Flammang, on.perfekt
Svenja Zelder, IBLA
Vertrieder*inne vun de folgende Parteien
Jeff Boonen, CSV
Chantal Gary, déi gréng
Eric Weirich, déi Lénk
Luc Emeringer, DP
Olivier Bichel, LSAP
Josiane Engel, Piraten
Well jiddereen sech eens war, dass méi muss gemaach ginn, hoffe mir op eng Gesetzesinitiativ an der nächster Legislaturperiod!
Villmools Merci fir d’Participatioun vun eise Gäscht, den Interessi vun de Leit am Publikum, d’Co-Organisatioun mat eise Partner MICROTARIANS S.à. r.l.-SIS an natur&ëmwelt a.s.b.l. an déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte!
Panel discussion poster at MicroAtelier, 28.09.2023, photo by Maria EndnerDrinks at panel discussion at MicroAtelier, 28.09.2023, photo by Maria Endner
Foodsharing Luxembourg war ee vun den Organisateure vum International Foodsharing Collab Weekend. Et gouf ee Barcamp fir déi international Foodsharing-Beweegung am SNJ-Zenter am Mariendall an e puer Workshops fir de Public um Kolla x Mersch Festival de leschte Weekend vum 18. bis den 20. August 2023.
Am Kader vun den Nationalwahlen ënnerstëtzt Foodsharing Lëtzebuerg de One Planet Luxembourg-Manifest fir ze froen, datt seng Fuerderungen am Wahlkampf diskutéiert ginn an an de Koalitiounsverhandlungen, déi no de Gemengen- an Nationalwahlen kommen, berücksichtegt ginn.
RESTwithEU lancéiert säin Open Call Programm, wou Restauranten, Startups a Léisungsanbieter aus ganz Europa zesummekomme fir d’Erausfuerderunge vum Restaurantsektor ze léisen.