Wa bei Ärem Restaurant oder Café wéinst den aktuelle Mesurë Liewensmëttel net méi verwäert kënne ginn, braucht dir se net fort ze schmäissen. Eis Liewensmëttelretter*inne kommen se gäre siche fir se iwwert eise Reseau ze verdeelen. Mellt Iech am beschte per Mail un moien@foodsharing.lu a gitt eis gären och eng Telefonsnummer un fir en RDV auszemaachen.
Author: Daniel
Artikel am Télécran
Den Télécran huet an der Editioun vun haut een Artikel iwwert eis.
Deel vum Transition Talks Podcast
Den Daniel vu Foodsharing Luxembourg war zesumme mam Karine vum Transition-Haus Mesa a mam Marine vun AlterCOOP a vun den Transition Days fir den Transition Talks Podcast agelueden. Dësen huet sech an dëser Editioun mat Liewensmëttelproduktioun a -konsum zu Lëtzebuerg beschäftegt. Du kanns en online eroflueden a lauschteren.
Zwee Reportagen op RTL
Wéinst dem häitegen International Day of Awarness of Food Loss and Waste war eis Onboarding-Managerin war op der Tëlee am Studio vun RTL. Den Interview fënns du online. D’Michelle huet op RTL Radio erklärt wat mir maachen.
“Lebensmittelverschwendung: Vom Feld in die Tonne”
Des Woch huet de Joël Adami vun der Woxx sech dem Thema Liewensmettelverschwendung ugeholl a stellt och eise Veräin vir, den interessanten Artikel kënnt dir ganz op hierer Websäit liesen.
Campus Radio Interview
Wanns Du den Interview verpasst haas, deen 2 vun eise Foodsaverinnen beim Campus Radio gin hun, dann kanns du en op der Websäit vum Radio ARA nach engkéier ralauschteren.
Interview mam Eldoradio
Eis Onboarding-Managerin Lia war am Interview mam Eldoradio, wou hat gezielt huet wat Foodsharing Luxembourg ass, wéi mir schaffen a firwat mir stinn. Wanns du nach net wees wat Foodsharing Luxembourg ass, oder du wëlls einfach méi gewuer gin iwwert eise Veräin, da lauschter de ganzen Interview!
“Der Kampf gegen die Lebensmittelverschwendung”
De Forum huet en Heft veröffentlëcht daat als Thema d’Ernährung huet. Zwee vun eise Foodsaver*innen haaten d’Chance an deem Zesummenhang en Artikel iwert d’Liewensmëttelverschwendung ze schreiwen a waat een dogéint ënnerhuele kann.
Finanzbericht 2019
Hei ass de Finanzbericht, deen op eiser Vollversammlung den 8. Juni 2020 präsentéiert ginn ass:
Betrag [€] | |
Konto | 423,68 |
Réckerstattungen déi mir nach maachen | -320,76 |
Pfand fir 3 Gasfläschen | 75 |
Käschten déi nach iwwerholl ginn | 29,09 |
207,01 |
Betrag [€] | |
Spende vu Veranstaltungen | 261,64 |
Spend vu Votum Klima fir d’Kachveranstaltung vum 27. September 2019 | 166,04 |
Kontogebühr | -4 |
423,68 |
Oppene Bréif un de Ministère vun der Ëmwelt, dem Klima an der nohalteger Entwécklung
Hei ass eise Bréif, dee mir wärend der ëffentlecher Consultatioun zum Klima-Aktiounsplang mam Numm Plan national intégré en matière d’énergie et de climat (PNEC) un de Ministère vun der Ëmwelt, dem Klima an der nohalteger Entwécklung geschéckt hunn.
Gudde Moien,
Mat dëser E-Mail bezitt Foodsharing Luxembourg Stellung wärend der ëffentlecher Consultatioun zum Plan national intégré en matière d’énergie et de climat (PNEC).
Foodsharing Luxembourg ass ee Veräin ouni Gewënnzweck, deen d’Liewensmëtteloffäll zu Lëtzebuerg reduzéiere wëll. Aktuell ziele mir 55 Memberen a kommen eisem Ziel duerch verschidde Projete méi no. Dorënner sinn d’Ariichte vun ëffentlech zougänglechen Tauschplatze fir Liewensmëttel am private Kader, dem Opbau vu Kooperatioune mat Supermarchéen an anere Liewensmëttelbetriber fir d’Ofhuele vun onverkafbare Wueren an der Sensibiliséierung op diverse Veranstaltungen.
D’Reduktioun vun der Liewensmëttelverschwendung ass eng vun den Aktioune mat dem gréissten Impakt am Kampf géint d’Fortschreite vum Klimawandel. Engem IPCC-Spezial-Rapport no hunn déi global Liewensmëttelverloschter- a verschwendung tëschent 2010 an 2016 8 bis 10% vun den totalen Zäregasen ausgemaach [1]. Bis 2050 kéint ee weltwäit eleng duerch eng Reduzéierung vun der Liewensmëttelverschwendung tëschent 87,45 a 94,56 Gigatonnen CO2 aspueren [2]. Domat stellt dëst wëssenschaftlech gesinn eng vun den effektiivste Platze fir Zäregaser anzespueren duer [3].
Dowéinst begréisse mir, dass d’Liewensmëttelverschwendung zwee Mol am Plang erwäänt gëtt:
– Säit 79: “Im Abfallsektor sind alle Maßnahmen im nationalen Abfallwirtschaftsplan aufgelistet. Zusätzliche Maßnahmen werden mit der neuen Abfallverordnung eingeführt. In Bezug auf die Treibhausgasemissionen sind hier in erster Linie Maßnahmen relevant, welche eine Reduzierung des Abfallaufkommens erzielen. Insbesondere soll die Lebensmittelverschwendung bis 2022 um 50% gesenkt werden.”
– Säit 82: “Das Vermeiden von Lebensmittelverschwendung trägt entscheidend zur Emissionsreduktion bei. Die Kampagne „Antigaspi“ muss weitergeführt und intensiviert werden, um Abfälle entlang der gesamten Ernährungskette zu vermeiden.”
Leider feelt et aus eiser Sicht an dësem Plang awer nach u konkrete Léisunge fir Liewensmëttelverschwendung ze bekämpfen. Esou si mir ganz dermat averstan, dass d’Campagn “Antigaspi” weidergefouert an intensivéiert gi soll, mä wat heescht dat konkret?
Mir hunn hei e puer Virschléi, déi Dir iwwerhuele kënnt:
– Verbuet vum Ewechgeheie vun nach iessbare Liewensmëttel fir Butteker, wéi a Frankräich
– Ophiewe vum Verbuet Liewensmëttel, déi an Ariichtungen, wéi Kantinnen, Maison relaisen asw., iwwreg bleiwen ewechgeheien ze mussen an d’Verflichtung se Hëllefsorganisatiounen unzebidden oder anescht ze verdeelen
– Antrieden zur Ofschafung vum Mindesthaltbarkeetsdatum op Produkter, déi sech éiweg halen, op europäeschem Niveau, z.B. Esseg, Reis, Salz, Zocker
– Antrieden zur Ofschafung vun allen nach existéierende Vermarktungs-Normen, um Niveau vun der Europäischen Union an um Niveau vun der Wirtschaftskommissioun fir Europa vun de Vereenten Natiounen (UNECE)
– D’Campagn “Antigaspi” méi an de Schoulen abréngen. Vue dass d’Verschwendung an de Privathaushalter mat 72% [4] am stäerksten ass, ass eng ausféierlech Opklärung an Thematiséierung vum Problem a senge Léisungen e wichtege Bäitrag zum Klimaschutz; vu gezieltem a geplangtem Akafen, iwwert d’korrekt Lagerung bis hin zum korrekten Akachen an Afréiere vu Liewensmëttel.
Mir hoffen op eng Ergänzung vu konkrete Léisunge fir dass mir dës Problemer net ëmmer weider virun eis hier drécken. Bei Froe sti mir gären zu Ärer Verfügung.
Bescht Gréiss,
Foodsharing Luxembourg a.s.b.l.
[1]: IPCC Spezielle Rapport iwwert Klimawandel a Land, August 2019 (Kapitel 5): https://www.ipcc.ch/site/assets/uploads/sites/4/2019/11/08_Chapter-5.pdf
[2]: Project Drawdown iwwert Liewensmëttelverschwendung https://www.drawdown.org/solutions/reduced-food-waste
[3]: Project Drawdown mat enger Iwwersiicht mat Léisungen géint d’Klimakris https://www.drawdown.org/solutions/table-of-solutions
[4]: Zesummefaassung vun enger Studie iwwert d’Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg: https://web.archive.org/web/20190201111744/http://antigaspi.lu/wp-content/uploads/2017/08/2016_03_Studie_FoodWaste_Luxemburg_Zusammenfassung.pdf