De leschte Weekend hate mir zwee Informatiounsstänn. De Samschde ware mir um Zero Waste Themendag vun der Gemeng Bartreng present. De Sonnden hu mir de #United4ClimateJustice Stand mat anere Membere vun dëser Koalitioun gedeelt. Déi zwee ware flott! Merci fir eis ze hunn!
Author: Daniel
European Youth Event: Opruff fir matzegoen
Bass du tëschent 16 an 30 Joer jonk? Bass du u Politik oder/a Konscht interesséiert? Da komm mat eis mat op de European Youth Event op Stroossbuerg vum 29. bis zum 30. Mee. #EYE2020 Mell dech mat dësem Formular un.
Eis Evenementer op climatejustice.lu
Well Foodsharing Deel vun der Koalitioun #United4ClimateJustice ass, fannt dir eis Events elo och am Klimaaktiouns-Kalenner op climatejustice.lu.
Platz fir ëffentliche Frigo gesicht
Wa mir bis Enn dës Jores eng Platz fir een ëffentleche Frigo an der Staat fonnt hunn, kréie mir een neie Frigo vu Frères des Hommes Luxembourg gesponsert. Kenns du eng Platz déi gutt erreechbar awer a Privatbesëtz ass? Mell dech wann’s de zu 99% sécher bass, dass et do klappe kéint.
“Zusammen aktiv gegen Lebensmittelverschwendung”
Haut huet de Lëtzebuerger Journal een Artikel op Däitsch vun enger vun eise Liewensmëttelretterinnen online an hirer gedréckter Ausgab publizéiert.
Kach-Stand op der #United4ClimateJustice
Wéinst der Demo United for Climate Justice de 27. September 2019 hu mir Snacke, Wraps, Zopp an Uebstzalot mat Liewensmëttel, déi ewech geheit gi wieren, fir jidderee preparéiert. Ingesamt hu mir 300 Portioune verdeelt.
Merci u jidderee wie gëschter laanschtkomm ass, matgehollef oder eis soss ënnerstëtzt huet.
100,7: Foodsharing Lëtzebuerg: Wéi kann ee sech engagéieren?
Haut huet 100,7 den zweeten Deel vun engem Radio-Interview mat zwee vun eise Liewensmëttelretter verëffentlecht.
100,7: Liewensmëttel retten amplaz ewech geheien
Haut huet 100,7 den éischten Deel vun engem Radio-Interview mat zwee vun eise Liewensmëttelretter verëffentlecht.
Info-Stand um Last Summer Dance
Mir sinn dem Last Summer Dance Festival dankbar fir dass mir konnte mat engem Informatiounsstand de leschte Sonnde präsent sinn. Vill Leit waren interesséiert an hu mat eis geschwat oder hunn sech e puer Gadgets oder Reschter vun eisem Foodsharing Point matgeholl. E puer hunn sech der esou guer direkt op der Platz ugemellt. Ausserdeem huet ee vun eise Memberen ee Live-Interview um Radio ARA ginn.
Live-Interview um Last Summer Dance
Haut huet Radio ARA ee Live-Interview mat engem vun eise Liewensmëttelretter um the Last Summer Dance Festival gemaach.