Luxembourg
Beschreiwung
Am Kader vun den nationale Wale luede mir op eng Podiumsdiskussioun zum Thema Bekämpfung vu Liewensmëttelverloschter a -verschwendung an. Déi meescht Mënsche sinn sech dem Problem an der Drénglechkeet bewosst, mä si wëssen net, wéi een dëse Problem ugoe soll. Wéi eng Léisunge ginn et schonn? Wéini a wéi wëll d’Politik dëse Problem ugoen?
Oflaf
- Begréissung
- Kuerzen Input vun den Expertinnen
- Virstellungsronn vum Panel
- Diskussioun zum Thema « Moossname géint Liewensmëttelverloschter a -verschwendung a Liewensmëttelwäertschätzung souwéi -rettung mat Froen un all d’Politiker*innen »
- Äntwerten op Froen aus dem Publikum
- Ee Patt
Umeldung
Mellt dech w.e.g. hei un: https://forms.gle/C8dqnaHz7vidBmFD6 – Du duerfs och spontan ouni Umeldung laanschtkommen.
Gäscht
- Expertinnen
- Dr. Rachel Reckinger, uni.lu
- Estelle Flammang, on.perfekt
- Svenja Zelder, IBLA
- Vertrieder*inne vun de folgende Parteien
- Jeff Boonen, CSV
- Chantal Gary, déi gréng
- Eric Weirich, déi Lénk
- Luc Emeringer, DP
- Olivier Bichel, LSAP
- Josiane Engel, Piraten
Moderatioun
Sprooch
Lëtzebuergesch, mat der Méiglechkeet Froen och an anere Sproochen ze stellen
Organisatoren
- Foodsharing Akademie, foodsharing e.V.
- Foodsharing Luxembourg a.s.b.l.
- MICROTARIANS S.à. r.l.-S
- natur&ëmwelt a.s.b.l.
Finanziell ënnerstëtzt vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte