Foodsharing Luxembourg huet zur Juli-Editioun vun der CIRCLE OF LIFE Serie bäigedroen, déi vu microtarians SIS de Sonndeg, de 6. Juli am Kader vun der LUGA organiséiert ginn ass. Wéinst dem schlechte Wieder, gouf dës Editioun vum urbanen Haff Kuerbebierg an de Quartier Stuff Grünewald verluecht.
Niewent eisem Zoukomme loosse vu gerettete Liewensmëttel an dem Aushëllefen, hu mir eng participativ Diskussiounsronn mam Titel “Wat wier wann all d’Iessen konsuméiert a keen Iesse ewech gehäit géif ginn?” bäigedroen.

Kommt, mir stellen eis vir, dass mir am Joer 2030 sinn. Liewensmëttelverloschter a -verschwendung si Problemer vun der Vergaangenheet. Wéi hu mir et gepackt? Wéi gesäit all Secteur elo aus?
No enger Imaginatiounsübung an engem kollektiven Identifizéiere vun den Themen, hate mir eng “fishbowl” Diskussiounsronn, déi déi meescht Participante genotzt hunn fir aktiv zur Diskussioun bäizedroen, wat jidderengem am Raum d’Chance ginn hat fir matzemaachen. D’Invitéeën Hannah Proffitt-Perchard, Pauline Seeburger an Stefania Filice hunn d’Diskussioun ugefaangen. Déi ganz Sessioun gouf facilitéiert vum Daniel Waxweiler.
Aus dem kollektiven Identifizéiere vun den Themen si Post-its op enger Mauer mat Themen ervirgaangen, déi no Kategorien regroupéiert goufen, déi natierlech entstane sinn. Verbesserungen an der ganzer Produktiounskette goufe gesammelt, an d’Roll vu Regulatiounen gouf ervirgehuewen. D’Sensibiliséiere mat jonke Mënschen war een anere grousse Grupp.

An der folgender Diskussiounsronn hu mir ugefaangen driwwer ze schwätzen, wéi accessibel biologesch a lokal Ernärunge sinn a wéi d’Gäert méi accessibel fir jiddereen vun de Gemenge kéinte gemaach ginn. Dunn hu mir eis gewonnert firwat vill Leit d’Konservéiere vu Liewensmëttel net prioriséieren. Ass d’Iessen ze bëlleg? Oder ass d’Wësse verluer gaangen? Dëst huet eis derzou geleet driwwer ze schwätzen, wéi Kanner op verschiddene Plaze scho méi a Kontakt komme mat wéi hier Liewensmëttel wuessen a wéi dës kënnen transforméiert ginn. Mir hunn och beschwat, wéi d’Leit kéinte gehollef kréie beim Manner-Verbëtzen. Kéinte Belounungen esou guer besser wéi Bestrofungen funktionéieren op individuellem Niveau? Zu wéi engem Undeel kéinten technologesch Léisungen hëllefen? Mir hunn dës Ronn ofgeschloss, an deem s mir eis drun erënnert hunn, dass et essentiel ass Communautéiten ze kreéieren fir de Problem vu Grond op ze léisen.

Duerno hu mir zesummen d’Iesse genoss, wat aus gerettem Geméis an Uebst gemaach gouf an op fermentéierten Iwwerraschunge vu microtarians baséiert huet.


A wéi stells du dir d’Zukunft vir?