Neiegkeeten

2025 huet Foodsharing Lëtzebuerg 164.400 kg nach iessbar Liewensmëttel virun der Dreckskëscht gerett

Image: AI-generated illustration – symbolic representation

Am Joer 2025 huet Foodsharing Luxembourg säin Engagement am Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung weidergefouert a gestäerkt, dank enger ëmmer méi aktiver Gemeinschaft. Haut huet de Veräin 306 fräiwëlleg Liewensmëttelretter*innen, déi duerch eng gemeinsam Missioun vereent sinn: Liewensmëttel ze retten, déi nach iessbar sinn, awer am Offall lande géifen.

Vill Leit si sech nach net bewosst, dass de Mindesthaltbarkeetsdatum, deen op Produkter am Buttek uginn ass, net en Datum ass, no deem d’Liewensmëttel net méi fir de Konsum gëeegent sinn. A ville Fäll kann d’Liewensmëttel wäit no dësen Datum ouni Risiko fir d’Gesondheet nach konsuméiert ginn. Trotzdeem ginn nach ëmmer bal 30 % vun de produzéierte Liewensmëttel ewechgeheit. Fir dës Situatioun ze verbessere, gouf Foodsharing Luxembourg gegrënnt, mat dem Zil, d’Ressource vum Planéit ze erhalen an duerch d’Reduktioun vu Liewensmëtteloffall konkret géint de Klimawandel virzegoen.

Fir dës Initiativ ëmzesetzen, schafft Foodsharing am Foodsaving-Projet elo mat 62 Kooperatiounen a Partnerbutteker am ganze Land zesummen. Dës Partner stellen onverkaaft, awer nach iessbar Liewensmëttel zur Verfügung, déi duerno vu Fräiwëllege gesammelt ginn. D’Quantitéiten, déi esou gerett ginn, variéiere staark: si kënne vu klenge Quantitéite vun 2 kg bis iwwer 20 kg bei enger eenzeger Ofhuelung bei verschiddene Geschäfter goen.

All Persoun, egal ob Member oder net, kann och Liewensmëttel bei engem vun den 3 offizielle Foodsharing Points am Land ofginn, déi fir jidderee gratis an no strengen Hygiènesreegelen zougänglech sinn. Dës Frigoe sinn zu Déifferdeng, Esch/Uelzecht a Lëntgen, a maachen et méiglech, Liewensmëttel ouni Konditiounen gratis zur Verfügung ze stellen.

Foodsharing Luxembourg gëtt komplett vu Fräiwëllege geleet. All Member investéiert seng Zäit an Energie fir dës Associatioun lieweg ze halen. D’Resultater alleng am Foodsaving-Projet schwätze fir sech:

👉 Am Joer 2025 goufen am ganze Lëtzebuerg 164.400 kg Liewensmëttel gerett.

👉 Zënter senger Grënnung am Joer 2019 huet Foodsharing Luxembourg méi wéi eng Millioun Kilogramm Liewensmëttel virun der Dreckskëscht gerett – stellen mer eis dësst mat 50 kg gefëllten Akaafsweenchen fier, entsprécht dat enger 20 Kilometer laanger Schlaang!

Iwwert seng deeglech Rettungsaktiounen eraus schafft de Veräin och drun, de gesetzleche Kader zu Lëtzebuerg ze änneren. Foodsharing setzt sech besonnesch fir dës Punkten an:

  • en obligatoresche Rabatt vu mindestens 30 % op Produkter, déi hire Mindesthaltbarkeetsdatum oder de Verbrauchsdatum an 3 Deeg areechen,
  • Reduzéiert Präisser vun “ellenem” Uebst a Geméis, wat nach iessbar ass
  • d’Obligatioun fir Betriber fir Liewensmëttel ze spenden, déi nach iessbar sinn,
  • an eng erhéicht Sensibiliséierung iwwert Praktike fir Liewensmëttel net ze verschwenden op nationalem Niveau.

Jidderee ka säi Bäitrag leeschten, andeem s een einfach alldeegelch Gewunnechten iwwerhëlt, fir Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren. Fir nach e Schrëtt weiderzegoen, kann ee sech Foodsharing Luxembourg uschléissen, déi ëmmer op der Sich no neie motivéierte Membere sin.

Et kann een och un engem vun de gratis Zero-Waste-Iessen deelhuelen, déi all Mount vun de Membere vu Foodsharing organiséiert ginn. Deen nächsten ass de Sonnden, de 25. Januar, an der Mesa – Maison de la transition – zu Esch/Uelzecht.
E grousse Merci un all eis Fräiwëlleg, eis aktiv Liewensmëttelretter*innen an eis Partner fir hiert Engagement, hir Motivatioun an hire grousse Bäitrag am Kampf géint Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg.

Liewensmëttelverschwendung stoppen: Deel a rett Uebst mat Kierfchen.lu

Eng gratis Online-Plattform hëlleft Lëtzebuerger Residenten Uebst aus traditionelle Bongerten virum Verfaulen ze retten a Gemeinschaften  mateneen ze verbannen.

Wat ass “Kierfchen” a firwat ass dës Initiative wichteg?

Bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert ware Bongerten d’Haaptquell fir Uebst a ganz Lëtzebuerg. Haut bleift de gréissten Deel vun dësem lokal ugebauten an onbehandelten Uebst net recoltéiert an verfaule gelooss. Als Äntwert op dës Erausfuerderung gouf vum Natur & Geopark Mëllerdall d’Online-Plattform „Kierfchen“ entwéckelt. De Projet gëtt vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit finanzéiert an huet als Zil, d’Benotze vun dëse Friichten ze fërderen an der Liewensmëttelverschwendung op lokalem Niveau aktiv entgéintzewierken. Et handelt sech ëm eng interaktiv Plattform, déi et jidderengem liicht maache soll, Ressourcen aus dem Bongert ze deelen, ze fannen oder ze notzen, fir datt wäertvoll Friichte vun eise lokale Gemenge konsuméiert ginn.

Wéi funktionéiert daat?

D’Haaptzil vu kierfchen.lu ass et, jiddereen zesummenzebréngen, deen sech mat Bongerten an domat verbonnene lokale Liewensmëttelnetzwierker beschäftegt. D’Plattform offréiert eng gratis interaktiv Kaart, fir Leit am ganze Land mateneen ze verbannen. Zënter dem Fréijoer 2025 deckt d’Kaart dat ganzt Land of. Elo kënnen Awunner iwwerall zu Lëtzebuerg Offeren astellen oder duerchsichen. Egal obs du een eenzegen Äppelbam an dengem Gaart hues oder e Gemeinschaftsbongert manags, du kanns matmaachen. D’Plattform verbënnt Leit, déi Uebst ze vill hunn, mat deenen, déi no lokale Produite sichen, a schaaft esou eng direkt Verbindung tëscht Offer an Demande.

Wie ka matmaachen?

Jidderee ka kierfchen.lu notzen. Et si keng speziell Qualifikatiounen néideg. Klengbaueren, Besëtzer*inne vu Bongerten, Gruppen, Hobbygäertner, Restauranten an Awunner sinn häerzlech wëllkomm! Wanns du Uebst aus Bongerten an domat verbonne Ressourcen recoltéiere, deelen, kafen, tauschen oder zesummeschaffen wëlls, ass dës Plattform genee dat Richtegt fir dech. Och Leit mat nëmmen engem Bam sinn häerzlech invitéiert, sech ze bedeelegen an dobäi ze hëllefen, Offall ze reduzéieren a gläichzäiteg lokal Liewensmëttelnetzwierker ze stäerken.

Wat fënnt een op der Kaart?

D’Plattform bitt eng ganz Rei Offeren un, déi iwwer just Uebst erausginn. Et fënnt een hei Friichten an Nëss, déi recoltéiert oder kaaft kënne ginn, regional Produzenten, Restauranten, déi lokal Ingrediente bezéien, Imker, Véiziichter, Maschinnen fir d‘Recolte fir auszeléinen oder ze lounen, Berodungsplaze fir Naturschutz a Evenementer. Kierfchen.lu promovéiert och d’Campagne „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère, wou mat engem giele Band markéiert Beem signaliséieren, datt d’Friichte vun all Mënsch däerfe gepléckt ginn. Et ass eng zentral Ulafstell fir alles, wat mat der Lëtzebuerger Landschaft a Bongerten ze dinn huet.

Momentan ass d‘Plattform nëmmen op Däitsch disponibel, mä Iwwersetzungen an aner Sproochen sinn an der Maach.

Wéi kann ech matmaache?

Prett een Ënnerscheed ze maachen? Hei ass, wéis de starte kanns:

Post däi Bam oder deng Recolte: Hues du Uebst ze vill? Looss anerer et wëssen andeems de eng gratis Annonce op der Kaart derbäi setz.

Sich fir nobäi Annoncen op der Kaart: Obs de no Äppel, Prommen oder Plaz fir Beien ze ziichte sichs, entdeck wat et uechter Lëtzebuerg gëtt.

Deel d‘Plattform an dengem Netzwierk: Hëllef Noperen a Frënn kierfchen.lu ze entdecken andeems de et op Social Media a mëndlech deels.

Dësen Artikel baséiert op engem Gespréich tëschent dem Shashi Bhushan (Web Editor fir Foodsharing Luxembourg asbl) an dem Julie Plumer (Chargée du projet, Natura 2000 verbindet, Natur & Geopark Mëllerdall).

Een Opruff fir eng fair a resilient Landwirtschaft

🌱 Den 30. Juni 2025 hunn d’Plattform Meng Landwirtschaft an hir 19 Memberorganisatiounen, dorënner Foodsharing Lëtzebuerg, déi 4. komplett iwwerschafft Editioun vun hirem Plädoyer fir eng Erneierung vun der Landwirtschaftspolitik presentéiert, dëst um 2.000 m² grousse Feld beim Haus vun der Natur.

🎯 Zil: D’ëffentlech Debatt iwwer d’Zukunft vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ze stimuléieren an aktiv dozou bäizedroen. Meng Landwirtschaft fuerdert d’politesch Leader vu Lëtzebuerg – souwuel op nationalem wéi och op europäeschem Niveau – op, en nohaltege Kader fir d’Landwirtschaft opzebauen, deen net méi nëmmen dem Konkurrenzrecht ënnerläit, mä als sozial an ökologesch Sail vum ëffentlechen Intressi unerkannt gëtt.

📢 Eng aner Landwirtschaft ass méiglech: méi fair a méi resilient a solidaresch!

👉 Méi Informatiounen: Plädoyer fir eng fair a resilient Landwirtschaftspolitik

Wat wier wann all d’Iessen konsuméiert a keen Iesse ewech gehäit géif ginn?

Foodsharing Luxembourg huet zur Juli-Editioun vun der CIRCLE OF LIFE Serie bäigedroen, déi vu microtarians SIS de Sonndeg, de 6. Juli am Kader vun der LUGA organiséiert ginn ass. Wéinst dem schlechte Wieder, gouf dës Editioun vum urbanen Haff Kuerbebierg an de Quartier Stuff Grünewald verluecht.

Niewent eisem Zoukomme loosse vu gerettete Liewensmëttel an dem Aushëllefen, hu mir eng participativ Diskussiounsronn mam Titel “Wat wier wann all d’Iessen konsuméiert a keen Iesse ewech gehäit géif ginn?” bäigedroen.

What if all edible food were consumed and no food were wasted

Kommt, mir stellen eis vir, dass mir am Joer 2030 sinn. Liewensmëttelverloschter a -verschwendung si Problemer vun der Vergaangenheet. Wéi hu mir et gepackt? Wéi gesäit all Secteur elo aus?

No enger Imaginatiounsübung an engem kollektiven Identifizéiere vun den Themen, hate mir eng “fishbowl” Diskussiounsronn, déi déi meescht Participante genotzt hunn fir aktiv zur Diskussioun bäizedroen, wat jidderengem am Raum d’Chance ginn hat fir matzemaachen. D’Invitéeën Hannah Proffitt-Perchard, Pauline Seeburger an Stefania Filice hunn d’Diskussioun ugefaangen. Déi ganz Sessioun gouf facilitéiert vum Daniel Waxweiler.

Aus dem kollektiven Identifizéiere vun den Themen si Post-its op enger Mauer mat Themen ervirgaangen, déi no Kategorien regroupéiert goufen, déi natierlech entstane sinn. Verbesserungen an der ganzer Produktiounskette goufe gesammelt, an d’Roll vu Regulatiounen gouf ervirgehuewen. D’Sensibiliséiere mat jonke Mënschen war een anere grousse Grupp.

vum Daniel Waxweiler

An der folgender Diskussiounsronn hu mir ugefaangen driwwer ze schwätzen, wéi accessibel biologesch a lokal Ernärunge sinn a wéi d’Gäert méi accessibel fir jiddereen vun de Gemenge kéinte gemaach ginn. Dunn hu mir eis gewonnert firwat vill Leit d’Konservéiere vu Liewensmëttel net prioriséieren. Ass d’Iessen ze bëlleg? Oder ass d’Wësse verluer gaangen? Dëst huet eis derzou geleet driwwer ze schwätzen, wéi Kanner op verschiddene Plaze scho méi a Kontakt komme mat wéi hier Liewensmëttel wuessen a wéi dës kënnen transforméiert ginn. Mir hunn och beschwat, wéi d’Leit kéinte gehollef kréie beim Manner-Verbëtzen. Kéinte Belounungen esou guer besser wéi Bestrofungen funktionéieren op individuellem Niveau? Zu wéi engem Undeel kéinten technologesch Léisungen hëllefen? Mir hunn dës Ronn ofgeschloss, an deem s mir eis drun erënnert hunn, dass et essentiel ass Communautéiten ze kreéieren fir de Problem vu Grond op ze léisen.

vum Eunice Sánchez González

Duerno hu mir zesummen d’Iesse genoss, wat aus gerettem Geméis an Uebst gemaach gouf an op fermentéierten Iwwerraschunge vu microtarians baséiert huet.

A wéi stells du dir d’Zukunft vir?