Méiglechkeeten
Mir sinn all benevole ënnerwee an et gi vill Méiglechkeete fir bei eis aktiv ze ginn. Hei sinn e puer Beispiller:
- Hëllef an der Kommunikatioun a Sensibiliséierung
- Gëff Workshops a Schoulen an a Betriber
- Hëllef an der politescher Aarbecht fir ee Gesetz géint d’Ewechgeheien ze hunn
- Këmmer dech mat ëm ee Foodsharing Point
- Organiséier oder hëllef bei Informatiounsstänn oder Kacheneventer
- Hëllef an der Administratioun hannert de Kulissen
- Gëff Foodsaver*in fir Liewensmëttel bei Betriber ze retten
Wann s du eng nei Iddi hues, zéck net, dech mat eisem Council a Verbindung ze setzen.