Haltbarkeet vu Liewensmëttel

Et kann ee béid folgend Daten op ville Produite fannen, si sinn awer extrem verschidden:

Mindesthaltbarkeetsdatum

De Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD) ass een Datum mat enger conseilléierter Lagertemperatur. E kann an der Reegel op veraarbechte Liewensmëttel wéi Kichelcher a Jughurt fonnt ginn. Den Hiersteller garantéiert, dass d’Qualitéit an de mikrobiologeschen Zoustand vum Produit mindestens bis zum Datum, deen uginn ass, erhale bleift, wann déi conséilléiert Lagertemperatur agehale gëtt. Dofir ass et wichteg, dass dës Lagertemperatur agehale gëtt. No dësem Mindesthaltbarkeetsdatum garantéiert den Hiersteller net méi d’Qualitéit vum Produit, soudass de Verbraucher selwer entscheede muss, op en dat Liewensmëttel nach konsuméiere well oder net.

Verfallsdatum

De Verfallsdatum ass een Datum, deen och eng conseilléiert Lagertemperatur huet. E kann op liicht verdierfleche Liewensmëttel wéi Fleesch fonnt ginn. En ass eng Frist, no där sech de mikrobiologeschen Zoustand héchstwahrscheinlech sou séier entwéckelt, dass en gesondheetsschiedlech gëtt. Liewensmëttel mat ofgelafem Verfallsdatum däerfe weder weider ginn nach giess ginn.