Foodsharing Luxembourg ass eng Ëmweltorganisatioun ouni Gewënnzweck (a.s.b.l.), déi aus Fräiwëllege besteet. Hier Visioun ass, dass all iessbar Liewensmëttel zu Lëtzebuerg konsuméiert ginn. Een Drëttel vun de Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, gi momentan verschwent. De Veräin bekämpft Liewensmëttelverloschter a -verschwendung, andeems mir de séieren Austausch vu Liewensmëttel ënnerstëtzen, déi soss ewechgehäit gi wieren. Duerch d’Sensibiliséierung fir d’Thema a seng Auswierkungen op de Klima, d’Ëmwelt an d’Gesellschaft esouwéi duerch d’Virundreiwe vun engem systemesche Wandel well Foodsharing Luxembourg d’Verschwendung dramatesch reduzéieren.
Liewensmëttelverloschter a -verschwendung
Risege globale Problem
Een Drëttel vun alle Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, ginn net konsuméiert. D’Ressourcen, déi doranner enthale sinn, wéi Aarbechtsstonnen, Waasser, Transport, asw. sinn dowéinst och verbëtzt.
122 kg pro Persoun pro Joer zu Lëtzebuerg
- 65 kg Haushalt
- 18 kg Fabrikatioun
- 15 kg Restauranten an Déngschter
- 13 kg Handel
- 12 kg primär Produktioun
(2022, Eurostat)
Impakt op de Klima
During 2010 – 2016, global food loss and waste equalled 8-10% of total GHG [greenhouse gas] emissions.
IPCC Spezielle Rapport iwwert Klimawandel a Land, August 2019 (Kapitel 5)
Projeten
Foodsaving
Mir huele Liewensmëttel of, déi géife vu Betriber an aneren Organisatiounen ewechgehäit géife ginn, a verdeelen dës, wann se net vun enger karitativer Initiativ geholl ginn.
Foodsharing Points
Mir ënnerhalen ëffentlech Plazen un, wou jidderee Liewensmëttel gratis ofleeën an huele kann.
Politesch Aarbecht
Mir analyséieren déi aktuell Situatioun vu Liewensmëttelverloschter a -verschwendung a wëllen nohalteg Verbesserungen an der relevanter Legislatioun areechen, an Zesummenaarbecht mat den ëffentlechen a politeschen Autoritéiten.
Errongenschaften
Statistiken iwwert de Veräin
831 Memberen
2 Foodsharing Points
onzieleg Leit iwwert de Problem informéiert
(07.01.2025)
Statistiken iwwert de Projet Foodsaving
62 Kooperatioune mat Butteker
577 Foodsaver
iwwer 197 t Liewensmëttel 2024 gerett
iwwer 936 t Liewensmëttel insgesamt gerett
iwwer 5 änlech Initiativen inspiréiert
(07.01.2025)
Statistiken iwwert de Projet Foodsharing Points
2 Foodsharing Points
onzieleg Tonne Liewensmëttel gedeelt
(07.01.2025)
Wat s du maache kanns
Fänk doheem un
Jidderee kann doheem ufänke Liewensmëttelverschwendung ze stoppen. E positiven Nieweneffekt ass, dass ee Sue spuert.
Organiséier ee Workshop
Du kanns ee Workshop iwwert d’Problematik vun der Liewensmëttelverschwendung an denger Schoul oder Entreprise organiséieren. Kontaktéier eis Partnerorganisatiounen on.perfekt via laura@onperfekt.lu oder Microtarians via info@microtarians.com.
Maach mat
Mir sinn eng Organisatioun, déi aus Fräiwëllege besteet, a mir si frou nei motivéiert Membere wëllkomm ze heeschen. Mellt dech un an huel un engem Informatiounsreuniounen deel, déi op der rietser Säit ugekënnegt ginn.
Ënnerstëtz eis finanziell
Du kanns eis och ënnerstëtzen an deem s du eis Suen iwwerweis fir eis lafend Käschten ze decken. Villmools Merci fir deng Ënnerstëtzung!
Foodsaving-Kooperatiounen
––– -Berdorfer Eck – Bontà Italiana – Camping Belle Vue Berdorf – – –– Ital Gross Point – – Molkerei Thiry – Monoprix -Pâtisserie Nothum- – New Welcome – Proxy Delhaize Beaufort – Pall Food – – Q8 –