United Against Food Waste: Making sure food ends up in people’s stomachs
Foodsharing Luxembourg huet um European Youth Event (EYE) am Europäesche Parlament zu Stroossbuerg mat Dausende vu jonke Leit aus der ganzer Europäescher Unioun an doriwwer eraus mat engem Workshop deelgeholl, wou d’Participanten Iddien hunn, wéi ee Liewensmëttelverloscht a Liewensmëttelverschwendung unhuele kann.
Merci! Dat ass wat “United Against Food Waste” steet fir!
Eise Workshop war e Samschdeg, den 9. Oktober 2021, vu 14:00 bis 15:00 Auer
Resultater vun dem Workshop
Innerhalb vum Workshop hu mir 5 Gruppe gebilt. Dovunner huet all Grupp sech mat engem bestëmmten Thema auserneegesat. Eis Theme waren:
- Liewensmëttelverloschter
- Gastronomie
- Eenzelhandel
- Haushalt
Woubäi sech 2 Gruppe mam Thema Haushalt ausernee gesat hunn, well dat Thema op groussen Interêt gestouss ass. Eng Oplëschtung vun de jeeweilegen Top-3 Fuerderunge vun all Grupp zu den Theme fannt der am Folgenden:
Liewensmëttelverloschter
- Bildung a Bewosstsinn am Jugendberäich iwwer de Wäert vu Liewensmëttel, Liewensmëtteloffallvermeidung a -verschwendung schaaffen.
- Liewensmëttelproduktioun optiméiere mat wëssenschaftleche Mëttelen, sou dass de Liewensmëtteloffall vermidde gëtt.
- Méi Méiglechkeete fir Ëmverdeelung bzw. de Vertrieb vu Liewensmëttel erschaffen, z.B. extra Lager fir Iwwerproduktioun opbauen oder Verkaafsméiglechkeete fir Geméis wat „onkonventionell“ ausgesäit.
Gastronomie
- Liewensmëttelverschwendung transparent maachen andeem s Liewensmëttelproduzenten an Verbraucher hire Liewensmëttelverloscht publizéiere mussen an hier Zäregas-Emissioune vun de verwende Liewensmëttel ugi mussen
- Verflichtend Ofgi vun onverkaaften Iwwerschoss bei Liewensmëttelreschter a finanziell Ënnerstëtzung vun Organisatiounen, déi mat Liewensmëttelreschter schaffen
- Léisungen zu Liewensmetteloffäll mat an d’Klimapolitik integréieren
Eenzelhandel
- D’Verfallsgesetz vereinfachen, an e Verbuet vum Ewechgeheie vu Liewensmëttel aféieren.
- Beseitegung vun allen rechtlechen Hindernisser fir de Verkaf vun ofgelafenen, awer nach genéisbare Liewensmëttel a finanziell Ënnerstëtze vu Geschäfter, déi des Liewensmëttel verkafen.
- Eenzelhandelgeshäfter dozou zwéngen hier Clienten iwwer Liewensmëtteloffäll ze informéieren
Haushalt 1
- D’Verbraucher sensibiliséieren an zum Nodenken iwwer hiert Konsumverhalen ureegen.
- Verbraucher ënnerstëtzen an hinnen Uleedunge fir Zoubereedung a Konservéierung vu Liewensmëttel doheem ubidden
- Aféierung vu Virschrëften zu Liewensmëttelverschwendung fir Geschäfter, déi Liewensmëttel verkafen
Haushalt 2
- Verbraucher iwwer Liewensmëttelverschwendung opklären
- Sensibiliséierung vu Verbraucher fir eng Zweetverwendung vu Liewensmëttel
- Aféiere vu Strofe fir d’Verschwendung vu Liewensmëttel
All des Iddien, Ureegungen a politesche Fuerderunge wäert Foodsharing Lëtzebuerg a seng zukünfteg Aarbecht afléisse loossen. Stay tuned!
An ee grousse Merci un all eis Organisateur*innen, Facilitator*innen an Participant*innen!