D’Tageblatt huet de Zero Waste Dinner vu Mesa an eis de leschte Sonnde besicht an een Artikel op Däitsch driwwer verëffentlecht.
Author: Daniel
100,7: “Foodsharing: matginn amplaz ewechgeheien”
Den Daniel war de Gaascht an der Sendung Den Hallwer Néng.
E grousse Merci un de Schenge-Lycée
Mir si ganz dankbar fir d’Spend vun 2500€, déi mir vum Däitsch-Lëtzebuergesche Schenge-Lycée kritt hunn! D’Sue goufe mam Spendelaf am Juli 2023 gesammelt. Eise Foodsaver Misch huet de 17. Oktober un der offizieller Check-Iwwerreechung deel geholl. Villmools Merci dëser groussaarteger Schoulgemeinschaft!
Podiumsdiskussioun vum 28. September
Am Kader vun den nationale Walen hate mir den 28. September eng Podiumsdiskussioun zum Thema Bekämpfung vu Liewensmëttelverloschter a -verschwendung mam Moderator Patrick Azevedo an de folgende Gäscht:
- Expertinnen
- Dr. Rachel Reckinger, uni.lu
- Estelle Flammang, on.perfekt
- Svenja Zelder, IBLA
- Vertrieder*inne vun de folgende Parteien
- Jeff Boonen, CSV
- Chantal Gary, déi gréng
- Eric Weirich, déi Lénk
- Luc Emeringer, DP
- Olivier Bichel, LSAP
- Josiane Engel, Piraten
Well jiddereen sech eens war, dass méi muss gemaach ginn, hoffe mir op eng Gesetzesinitiativ an der nächster Legislaturperiod!
Villmools Merci fir d’Participatioun vun eise Gäscht, den Interessi vun de Leit am Publikum, d’Co-Organisatioun mat eise Partner MICROTARIANS S.à. r.l.-SIS an natur&ëmwelt a.s.b.l. an déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte!
All You Can Eat @ Lëtzebuerg City Museum
Mir si geéiert Deel vun der temporärer Ausstellung All You Can Eat am Lëtzebuerg City Museum ze sinn. D’Ausstellung ka vun haut, dem 6. Oktober, u bis zum 14. Juli 2024 besicht ginn. Méi Detailer iwwert d’Ausstellung an d’Veranstaltungen, déi dës begleeden, kann een op der Websäit vum Musée fannen.
Artikel op 2000m2.lu
Am Kader vum Projet 2000m2 vumn natur&ëmwelt a.s.b.l., co-labor s.c. an IBLA a.s.b.l. gouf een Interview mat eis op Däitsch verëffentlecht.
International Foodsharing Collab an der Press
Foodsharing Luxembourg war ee vun den Organisateure vum International Foodsharing Collab Weekend. Et gouf ee Barcamp fir déi international Foodsharing-Beweegung am SNJ-Zenter am Mariendall an e puer Workshops fir de Public um Kolla x Mersch Festival de leschte Weekend vum 18. bis den 20. August 2023.
Mir goufen an de folgende Medie genannt:
Dir fannt méi Detailer an eisem Presse-Communiqué.
Workshops zum Thema Liewensmëttelwäertschätzung a -rettung um Festival “Kolla x Mersch”
Eise Presse-Communiqué gëtt et op Däitsch als PDF, op Franséisch an op Englesch.
Artikel am Journal
Mir goufe vum Journal fir dësen Artikel begleet:
Politisch Fuederungen géint d’Liewensmëttelverloschter a -verschwendung
Eise Presse-Communiqué gëtt et op Däitsch als PDF, op Franséisch an op Englesch.