D’Josiane war haut live um 100,7 an der Emissioun “Bewosst Gesond”. Dir kënnt dësen Interview op hirer Websäit nolauschteren.
Author: Daniel
Kuerznoriicht an der Femmes 265
D’Editioun 265 vun der Femmes erwäänt eis politesch Fuerderungen an enger Kuerznoriicht op der Säit 27.
Foodsharing Luxembourg fuerdert éiergäizeg national Moossname fir d’Liewensmëttelverloschter a -verschwendung ze reduzéieren
Dëse Presseartikel gëtt et op Däitsch (PDF), Englesch a Franséisch.
Statement zu EU-Ziler an der Fabrikatioun a Veraarbechtung mat Feedback EU
Feedback EU huet haut ee Statement verëffentlecht, wat d’EU opfuerdert hier Ziler fir d’Liewensmëttelverschwendung fir d’Fabrikatioun an d’Veraarbechtung op op mannst 20% ze setzen. Mir ënnerstëtzen dës Demande voll a ganz.
Foodsharing Point huet opgemaach zu Déifferdeng
En neie Foodsharing Point huet haut opgemaach am “Musée du Déchet”, 54 rue J.-F.-Kennedy , Déifferdeng. En ass accessibel all Dag vun 8:00 bis 21:00. Weider Detailer fënnt een op eiser Foodsharing Points Säit.


Extern Links
Foodsharing Luxembourg feiert 5 Joer Asaz géint d’Liewensmëttelverschwendung
Dëse Presseartikel gëtt et op Englesch, Franséisch an Däitsch (PDF).
Artikel aktualiséiert an der Luxembourg Times
Luxembourg Times huet hiren Artikel iwwert wat ee géint Liewensmëttelverloschter a -verschwendung zu Lëtzebuerg maache kann aktualiséiert, a mir kommen als eng Initiativ dra vir.
Festival AlimenTERRE ass geschwënn

SOS Faim organiséiert déi éischt Editioun vum Filmfestival AlimenTERRE vum 6. November bis zum 6. Dezember. Fënnef Dokumentarfilmer iwwert kruzial Problematiken an der Ernärung an der Landwirtschaft gi gewisen. Méi Detailer fënnt een op der offizieller Websäit an am Evenement op Facebook.
Foodsharing Luxembourg ënnerstëtzt dëse Festival als Kommunikatiounspartner.
All You Can Eat Interview ass online
Den Interview mam Daniel, deen am Joer 2023 fir d’Ausstellung All You Can Eat, déi vum 6. Oktober 2023 bis zum 14. Juli 2024 am Lëtzebuerg City Museum war, realiséiert gouf, ass elo op YouTube ze fannen.
Festival des Citoyen.ne.s en Transition
Foodsharing Luxembourg hat eng Schnippeldisko mat der Casa Lallange, CCC Zero Waste and dem CIGL op dem Festival des Citoyen.ne.s en Transition den 29. Juni 2024. E puer Fotoe fënnt een an der leschter Newsletter vun Transition Minett.