Video
Betriber déi (nach) net matmaachen
Wann’s du ufänks mat engem Betrib ze verhandelen, setz e schonn als nei Plaz mam Status “A Verhandlung” (“Negotiating”) op Karrot derbäi esou, dass déi aner Foodsaver*innen kucke kënne wat leeft.
Wa si net matmaache wëllen, änner de Status einfach op “Wëll net kooperéieren” (“Don’t want to cooperate”) a schreif een erklärende Saz an d’Beschreiwung. Erwän den Datum, de Grond firwat si net kooperéiere wëllen, den Numm vun der Persoun mat däers du geschwat hues an däin Numm.
Normalerweis ginn d’Betriber mam Status “A Verhandlung” (“Negotiating”) an “Wëll net kooperéieren” (“Don’t want to cooperate”) net direkt op Karrot ugewisen. Du muss dëst aktivéieren an deem’s du de Schalter bei “Places” an der Säiteleescht ëmlees:
Esoubal en aktivéiert ass, kommen d’Plaze mam Status “A Verhandlung” (“Negotiating”) mat engem bloe Punkt an “Wëll net kooperéieren” (“Don’t want to cooperate”) mat engem roude Punkt ënnen an der Lëscht derbäi.